Affär Maulesmillen: 6 Méint Prisong/Sursis fir e Polizist De Polizist, deen op der Maulesmillen engem Mann an de Kapp geschoss hat, krut um Geriicht zu Dikrech 6 Méint Prisong mat Sursis an 2.000€ Geldstrof....
An hiirem Verdikt sinn d’Riichter zur Konkusioun komm, dass de Beamten net ongewollt, mee gewollt geschoss hat. Aus där Iwwerleeung eraus huet d’Tribunal „coups et blessure volontaires“ an net « coups et blessures involontaires » zeréckbehalen.
Wat den zivilrechtleche Volet vun der Affaire ugeet, esou hu sech d’Riichter fir een Opdeelen vun de Responsabilitéiten ausgeschwat. Zwee Drëttel vun der Responsabilitéit um Tëschefall dréit den ugeklote Polizist – de Bauer iwwerhëllt deen aneren Drëttel Responsabilitéit. Dee Bauer vu Reiler krut an enger éischter Etappe eng Provisioun vun 20.000 Euro fir säi Schued zougestaan. Zwee Experten sollen nach genee chiffréieren wat de Mann doriwwer eraus ze gutt huet.