Waat schwetz du do, iwerhaapt, mierkt een dass du net vill Ahnung hues!
D'Elake luewen fir deen Bordel deen dei all Joer machen ennert den Leit, wiem seng Schold ass daat dann?! Secher net den DJS! Du schreiws et jo selwer!
Wann een vum Ionic gebucht get an versprichen kritt op der Elake zespillen, exchange gigs am Joer dofir kasseiert gin, fir dass hien iwerhaapt nach irgendwou spillt, ass et schon ziemlech dreisst, dass waan een dann nofreet, dann gesoot kritt et waer net esou!!! Dann dierf een och nach net meckeren oder wei? Wou anescht soll ech meckeren wann net hei!
Et as wirklech all Joer daat selwegt, an firwaat, well Leit um Wierk sin, dei mengen se giefen eppes vun Techno verstoen. Ech soen just Dancefield! LACH!
Elake kann guer net esou wichteg sin, well wanns du nemmen een mol do gebucht bass an soss neierns brengt daat och net vill! Dofir losst den Ionic do sein "one year" Set spillen. Well soss huet hien jo guer naischt! All Mensch an der Szene deen eppes mei domat zedin huet, wees daat!
Loser of the year Ionic = Luxembourg
Ech wees jo elo dass ech net do spillen, mais et get och nach Deeg no der elake!!!
Esou weit ech wees, ass desen Forum op fir all Kritik an unstouss fir d'Electronesch Letz Szene. Dei hun daat dofir op geloos, fir dass d'Leit hei einfach mol hier Meenung frei soen kennen!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!
Op matt Numm oder ouni ass egal, wichteg ass daat waat Leit hei denken. Fir zesummen Leisungen zefannen! Och wann daat net positiv ass.
Richtig, wenn Elake System bookings machen wurde, wäre alles anders! Außerdem gibt es doch kompetente Leute in Luxemburg, die so was machen, nur leider hat auch E-lake mit jedem schnell Trouble > ich sag nur 2007
Et geet net drem engem eppes an Gesiicht zesoen et geet drem dass hei an der dj szene deck matt Bookings gelenkt gett an daat vun Leit die TMU hannert hiren numm schreiwen! elo verstaan?
ah jo wei schein esou sin ech dest joer och gelengt gin an dei leit vun techmup woussten mol net wat den ionic fier verspriechungen mecht mee egal ech wees just das den ionic et bei villen leit geschass huet
genau, well et ass jo net d'elake dei hei ugegraff get, mais dem ionic seng machen schaften! an et get hei net em odd, mais em technologic, mein leiwen tom! ech mengen, odd get hei och ugegraff, an sie hun naischt gemach. sie hun naischt mat der elake ze din dest joer. an odd kann och net dafir, dat hei am forum iwwert d'elake geschwat get. et ass eben en electronesch site, an de forum get halt eben genotzt, positiv wei negativ. an d'elake ass eben och part of the scene (naja, sou hallef...).
sou, an wei gesoot fro mol den eastone wat den ionic hinnen virgeschloen huet...dat ass einfach eng sauerei!
ech senn eischter duerch zoufall op desen Post gefall an muss schon baal rem krasischen waat ech hei liesen!!!!
Hei stinn saachen dei sollen bei eis (e-Lake) laafen wou ech mech froen wouhier d'leit dei hunn an ween sou well phantasien huet!? Ech greiffen gaer mool e puer Punkten op:
- Keen, absolut KEEN am e-Lake Orga ass en Professionellen an daer branche, den Orga huet sech gebildt aus ancien an aktuellen Club des Jeunes Memberen vun Iechternach!!! Mir senn weder Eventmanager nach Booking Agency oder Promoter!!! Ech willt gaer mool gesinn wei een "Club des Jeunes" hei am Land en unähernd erfollegreichen festival iwer 13 Joer op d'been stellt! (an nett en Event "keeft") Also ECH KENNEN KEEN!!!!
- Hei gett emmer eppes gestänkert iwer ODD, TMU, Technologic asw... mir senn vun kengem oofhängeg an waerten et och nett ginn! Jiddereen mecht seint an huet seng "politik"!
- e-Lake & tmu: tmu huet eis d'Läscht joer, aus engem Dilemma raus gehollef andeems si den 2nd Stage "reanimeiert" hunn an zwar wei ech fannen op eng genial Art an Weis! Vill Leit hunn gesoot datt deen 2nd Stage besser war wei den main, daat ass affaire de gout, woubei ech awer och der meenung senn datten daat genau dei Leit waren dei deemols naischt mam Dave Angel konnten ufänken, deemno Leit dei keen awer och guer keen bezuch zu den Uerspreng zur elektronescher Musek hunn!!! An ganz einfach, well tmu eis 2007 gehollef huet, kreien si eist vertrauen 2008 fir den 2nd Stage ze maan, dh hiert konzept, hieren Line-up asw!
- zum sujet vun den demo tapes well ech och mool ganz kloer eppes soen! Mir hunn daat agefouert well mer denken, datt mer den newcomer kennen eng gudd Bühn bidden sech mool ze weisen. Et geet ganz kloer em nei gesiichter hei!!! Oder mengt der am escht, datt mer erwaarden renomeiert (oder dei di mengen se wieren et) Dj'en gingen sech do mellen!!! Ech mengen do hunn alt nees puer Leit naischt verstaanen gehaat, mee haaptsaach direkt gemault!
- Line-up: Do well ech och ganz kuerz eppes soen. Fir eis ass et di läscht Joeren emmer mei schweier gin den "erwaardungen" vun den Leit nozekommen, jiddereen erwaard emmer datt e-Lake DEN Numm brengt. Wann een awer d'evolutiolun vun der Branche an den Gagen (virun allem de Gagen) kuckt dann ass daat fir eis nett einfach. Zudem ass deen selweschten weekend emmer Street Parade zu Zürech an SMS, an wann een deenen hier line-up gesidd dann wessen mer waat iwreg bleiwt. Et ass nun eben mool sou datt den e-Lake en FREE ENTRANCE festival ass an mir hunn aner, mi kleng finanziell moyenen fir Artisten ze buchen. Mir liewen vun der consomatioun um Site! An waat maachen dei Leit dei dohinner kommen, se brengen alles selwer matt sou datt mer praktesch guer naischt mei kennen spueren fir besser Artisten d'Joer drop! (An komm lo keen an soo mir gingen jo milliounen maan, daat ass definitiv bei weitem nett de Fall!!!!)))
Den e-Lake ass an war na ni eng i love techno , mayday, NO, SMS oder waat och emmer, mir hunn 3 Deeg matt verschiddenen Programmer, et ass en Festival, an jo, wei och erwähnt een vun dausenden.
Ech denken den e-Lake kann nett sou schlecht senn, et ass lo dei 13. editioun desst Joer an ausser dem Rock um Knuedler (mee deen ass Communal finanzeiert) gett et KEEN Festival zu Letzebuerg deen mei aal ass geschweige denn sou laang iwerliewt huet!
- Szeen & Letzebuerger DJ'en: zu der Letzebuerger szene well ech lo mool nach eppes soen. Ech ging gaer behaapten datt ech dei Szene mei laang verfollegt an erliewt hunn wei verschiddener hei um Site aal senn!!! Di Szene ass daat allermannst ginn, wesst der wisou!? Well jiddereen deem aneren sein Daiwel ass, et geet just nach geinteneen. Den naid ass allgegenwärteg! Sidd dach mool realistech, matt der Musek, zemools elektronescher Musek ass keen su mei verdengt hei am Land! Organiseiert iech an Clib, "Labelen" an maat geil Partien, mee rechent nett mam Decken Goss well daat leeft nett! Sidd mool tolerant deenen aneren geintiwer an akzepteiert wann en DJ eppes aneres spillt wei daat waat dir grad gaer hudd, well wei wier d'Welt wann jiddereen d'Selwescht wier. An ech well soen datt et e koup gudd DJ'en gett an och matt secherheet gudd "bedroom dj's" an dei bleiwen daat och sou laang se nett eng chance vun iech (an eis, dowinnst d'demoen) kreien fir sech mool dobaussen ze weisen.
Ech kennen och e koup Letzebuerger DJ'nimm, an ech senn och nett deen deen seet "nee deen do ni um e-Lake". Awer wann een dann een freet dann ass entweder den zeitpunkt nett gudd, well ze fréi, oder d'settime ze kuerz, wou den krees nei der arroganz an iwerhierwlechkeet rem zougeet.
mir fänken eben em 15h un an mussen em 3h ophaalen, dann muss noutgedrongen deen een oder aneren eischter spillen.
Wei gesoot wann lo hei een mengt "ech hunn et verdengt" um sei ze spillen dann kann en sech jo gaer bei mir mellen, en brauch dann och keen demo ze schecken )).
Daat senn lo mool puer punkten dei ech kloer wollt gestallt hunn!
An wann een iech en gig um sei versprecht dann senn daat entweder ech oder en aneren vum Orga, mee matt secherheet KEEN aneren, an schon keen aneren DJ!
an well ech d'anonymitéit hannert deenen verschiddener sech hei verstoppen sou primitiv fannen, hei meng email, do kennt der iech gaer renseigneieren an mellen wann der wellt spillen (nach senn puer plaatzen frei)
An ech hoffen viirun allem lo, datt dei deels niveauloos an domm sprech hei ophaalen, well daat senn saachen dei brauch wirklech keen, ODD nett, tmu nett e.lake nett an och soss keen!!!
p.s. an ween mengt e-Lake hätt sech un tmu "verkaaf" FALSCH, mir senn bis lo nach matt jidderengem gudd gefuer och wann et alt differenzen gouff! an miir hunn nach EMMER ALL EIS ARTISTEN BEZUELT!!!
Ma ech mengen du bass genau deen richtegen ech setzen dech an d'Jury!
Et kann senn datt ech genuch dervun verstinn viir ze soen deen huet daat 1. selwer gemixt an nett aus dem internett gezunn an sein numm drenner gestallt 2. decideieren op mer deen matt senger musek wellen op eis Bühn loossen an nett!
Kann et sinn datts du een vun deenen bass deen gaer geiff mee nett kann oder dierf!!!??? sou heiert et sech jo un!
An nach eng keier: en forum ass jo fir "seng" meenung ze soen, MEE WISOU MAAT DER DAAT DANN ANONYM!!!!???? Keng Jicken oder angscht iech et bei engem ze verschaissen!!!
Et gett een deen keng hallefstonn noo mengem eischten Post faerdeg bruecht haat telefonesch un mech ze kommen, an ech hunn ganz gudd matt deem diskuteiert an mer hunn eng Koar aus dem dreck geholl wou weder ech nach soss en am e-Lake Orga eppes kann.
Mee du nemmen en saudommen arroganten sproch drop an soss naischt! Daat scheingt leider emmer mei representativ fir dei "super Letzebuerger Technoszene" ze gin, et feelt villen un Grips an weitsiicht. (Vleicht ass genau DAAT de grond wisou verschiddener nett iwer e booking an engem klengen versifften Café oder Party matt 21 entréen rauskommen!!!)
p.s. ech well lo hei guer keen Café schlecht maan dowinnst nennen ech keen numm an ech denken och un keen speziellen, dei di sou "szenegänger" senn kennen sech gaer een denken, daat ass hieren Beier!
Wisou gett sech emmer sou opgeregt wann et em den e-Lake Booking geet, et mecht daach baal jiddereen den e-Lake schlecht ( scheiss Line-up, Scheiss Organisateuren, scheiss organisatioun bla bla bla,....) Mee komescher weis senn verschidden Leit dei sech op egal waat anloosen fir kennen do ze spillen. Senn MIIR dann schold wann "X" dem "Y" versprecht "du spills um e-Lake" wann's de mech buchs asw....) NADA!!! DAAT ASS NETT EIS MANEIER!